Jugendspiller
Eng Futtballschoul grënnen
Du kanns deng Futtballschoul am Menü "Mäi Veräin" aktivéieren, ënner "Jugendekipp" -> "Iwwersiicht". Du kriss en Trainer an e Scout, déi zu der Ekipp gehéieren. All deng aner Investitiounen an d'Jugend musse fir d'éischt gestoppt ginn, éier s de kanns eng Futtballschoul opmaachen. Du kriss och direkt e puer Jugendspiller, déi et der erlaben direkt vun Ufank u Matcher ze spillen. Dës Borschte kommen awer all aus enger Schoul aus der Géigend a sinn net besonnesch talentéiert.